Ëmfeld
D'Jousefshaus läit a roueger Lag beim wonnerschéine Parc „Brill" mat klengem Séi. D'Esplanade an de Stadkär vu Rélmech sinn an e puer Minutten zu Fouss oder mat der Navette ze erreechen. Et gi vill Akaafsméiglechkeeten; Post a Banke leien am Zentrum vun der Uertschaft.
Ariichtungen
Gemeinschaftsraim:
- Bibliothéik mat Interneteck
- Cafeteria
- Fitnessraum
- Coiffeur
- Gymnastikraum
- Kamäinzëmmer
- Kapell
- Salle polyvalente
- Restaurant
- „Stiffercherr" (12 Insgesamt)
Restaurant
Eise Restaurant bitt all Dag e festen „Menu du Jour" un; zousätzlech sti 5 Menüen op der Kaart, déi all Woch ännert. Diäten a perséinlech Wënsch gi selbstverständlech berücksichtegt.
Zëmmer
D'Zëmmere sollen individuell vun de Bewunner ageriicht ginn. All Zëmmer besteet aus engem klenge Virraum, engem Schlofzëmmer an engem Buedzëmmer. D'Grondausstattung ëmfaasst e Bett, en Nuetsdësch, e Frlgidär an e Safe. E puer Zëmmere verfügen iwwer eng Kitchenette.

