Rezeptioun: all Dag op
Cafeteria: all Dag op
De Restaurant bitt all Dag verschidde Menuen un
- Ausflich
- Bastelen
- Gesellschaftsspiller (Bingo asw.)
- Gymnastik
- Keele spillen
D'Kapell ass daagsiwwer op. Den Aumônier ass den Här Marcel Pündel. Am Prinzip ass Mëttwochs um 10.30 Auer e Gottesdengscht
D'Bibliothéik steet souwuel de Bewunner an hirer Famill an hire Bekannten wéi och allen Awunner vum Kanton Réimech zur Verfügung. Si ass op méindes an donneschdes vu 16.30 bis 17.30 Auer, denschdes, mëttwochs a freides vun 10 bis 11 Auer.
„Cyberstuff" De Bibliothéiksraum fungéiert och als Cyberstuff. Computere mat Internetuschloss erméiglechen de Bewunner an hire Familljen den Zougank zur Informatik.
Gymnastiksall a Fitnessraum fir Bewunner a Personal
Coiffeur
Pédicure
Wellness
Fräie Choix vum behandelnden Dokter
Soins 24/24 Stonnen
Repas sur roues
De Club Senior bitt Persounen iwwer 50 Joer d'Geleeënheet, den Dag zesummen ze verbréngen oder gemeinsam Aktivitéiten ze ënnerhuelen.